Am Summer dierf et gär eppes erfrëschendes sinn. Langweileg Zalot stinn do net um Programm. 

Am Summer tendéiert een oft dozou léiwer eppes Liichtes ze iessen. Dofir kommen hei meng Liblingszaloten:

Rezept Nr.1:
Mozzarella-Pijen-Tomaten a jambon de parme. Kléngt net nëmmen einfach, ass et och. Alles wat dir dofir braucht sinn déi 4 Saachen, e bëssen Oliven Ueleg, Balsamico Esseg a Basilikum. Wee wëll kann d‘Pijen nach e bëssen an der Pan grillen. Déi dann bei de Mozzarella a bei Tomate ginn a mat jambon de parme zerwéieren.

Rezept Nr.2: Net fir näischt iessen se a waarme Länner vill Couscous. Et ass e richtegt Allround Talent. Op an enger Zalot oder als Bäilag ass Couscous äre perfekte Begleeder. Wann dir do zum Beispill Feta, Orangen, Tomaten a Kichererbsen dobäi gitt, hutt dir schonn déi perfekten Zalot.

Rezept Nr. 3: Eng Griichesch Zalot. Ech weess dat ass näischt Neies, gëtt awer oft ennerschaad. Feta, Tomaten, Kornischong a Mais sinn d’Basis. Ween déi dann elo nach mat Pimenten oder Thon oppimt, huet genuch Proteinquellen an eng erfrëschend Ofwiesslung.

Rezept Nr. 4: Ween och e Fan vun der asiatescher Kichen ass, de muss onbedéngt eng Räisnuddelzalot maachen. Reis- oder Glasnuddele kuerz a waarmem Waasser kachen an ofkille loossen. An d’Zalot kënnt dir alles drapaake wat dir gär hutt. Mango, Wuerzelen, Kornischong, Sojasprossen, Chilischoten, Kakuetten a wann dir et gär hutt och Koriander. Als Proteinquell passt Tofu, Poulet a Surimi.

Rezept Nr.5: Gett et eppes besseres wéi Pasta am Summer? Jo gutt, se schmaacht zu alle Joreszäiten an an alle Formen, mee hei leeë mir lo mol de Fokus op Nuddelszalot. Do kënnt dir alles draschneide wat dir am Frigo hutt, gedreschent Tomaten, Feta, Ierbessen. Summertime is Pasta time.
An dem Sënn, e gudden Appetit.

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

xx, Mira