Abonementer si séier gemaach a schwéier ze kënnegen. Heirop musst dir oppassen: 

En Handyvertrag, e Fitnessabo oder e Screening Déngscht. Aboen huet jidderee méi wéi genuch. Mee wéi ass et dann eigentlech wann een se net méi wëll. Kënnege kann een déi oft net einfach dann, wann et engem passt an ier een sech ëmsinn huet, verlängert sech de Vertrag em ee Joer. Mee wat sinn do eigentlech eis Rechter an ob wat kann een oppassen.

Wann dir en Testabo maacht, sief et vun enger App oder engem Screening Déngscht, hëlleft et oft d'Abonement schonn direkt ze kënnegen nodeems dir e gemaach hutt. Da laaft dir net Gefor dass ären Testmount em ass ouni dass dir et matkritt a sech den Abo dann automatesch verlängert. Sollt dir dësen awer wëlle weider féieren, kann een den Abo da selwer aktivéieren.
Wann dir en Handysabo ofgeschloss hutt an den sech iergendwann automatesch verlängert, dann ass et sënnvoll sech d'Kënnegungsfrist opzeschreiwen a sech am beschten e Reminder ze maachen, bis wéini e misst gekënnegt ginn. Dann hutt dir selwer de Choix ob dir d'Abonnement weiderlafe loossen oder kënnege wëllt.

Net all Kontrakt verlängert sech automatesch em 12 Méint. Wann dir an Däitschland e Stroumanbieter wielt, ginn et verschidde Grënn fir séier aus dem Kontrakt rauszekommen. Sou och mam Internet. Wann dir mëllt dass dir geplënnert sidd an dofir net méi vum Abo profitéiere kënnt, kommt dir aus dem Kontrakt eraus.

Generell gëllt bei Aboen awer: Maacht iech am viraus Gedanken ob dir e wierklech braucht, rechent iech aus wéi vill en am Endeffekt kascht a wéini dir e kënnege kënnt. Oft héieren sech Aboe gutt un, wou een am Ufank manner bezilt an dono méi. D'Zomm ass awer déi op déi et ukënnt an déi fënnt ee ganz einfach mat enger klenger Rechnung eraus.

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

xx, Mira