Dir maacht gär Sport a wëllt iech motivéieren? Da kéint eng Fitnessauer hëllefräich sinn, oder net?

Et gesäit een se bei bal all Sportler oder Hobbysportler um Handgelenk. D'Fitnessaueren. Mee brauch een déi dann elo wierklech, wann ee sportlech aktiv wëll sinn a fir wien sinn se net gëeegent? Fitnessauere sinn net nëmme fir Sportler. Och wann dir drun interesséiert sidd, ob är Gesondheet opzepassen a gären noverfollegt, wéi vill Schrëtt dir den Dag gitt, kënne Fitnessaueren déi néideg Motivatioun bréngen déi engem feelt. Dofir mussen et awer net déi deier Auere sinn déi ee vill um Marché gesäit. E Schrittzähler fënnt een och bei méi bëllegen Optiounen.

Wien awer wierklech vill Sport mécht, sech fir de Kalorieverbrauch interesséiert, a gär d'Distanzen a Resultater trackt, fir den ass eng smartwatch de perfekte Begleeder. Do ass et awer och sënnvoll rauszefilteren, wéineg Auer wat kann a bei ee passt. Deier ass net onbedéngt besser. Et kënnt do ganz op säin eegene Gebrauch un.

Brauch dann elo wierklech all Sportler eng smartwatch? Op kee Fall. Déi suergt zwar dofir, dass dir alles besser noverfollege kënnt, mee fir de sportlechen Deel sidd nach ëmmer dir verantwortlech. Wee säi Kierper gutt kënnt, de weess och ouni Auer bei wéi engem Workout en déi meeschte Kalorie verbrannt huet.
D'Fangere vun de Fitnessauere sollt awer jidderee loossen, den sech doduerch schnell gezwonge fillt Sport ze maachen an net ganz an engem gesonde Verhältnis mat sengem Kierper steet. De Schrittzähler setzt vill Leit ënner Drock déi bekannten 10.000 Schrëtt ze maachen a féiert dozou dass een sech schnell schlecht fillt, wann een déi net erreegt huet. Eng Fitnessauer sollt e flotte Begleeder am Alldag sinn an op kee Fall een den ee kontrolléiert.

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

xx, Mira