Kee Gaart doheem awer e Balcon? Mat e puer einfachen Tricks kritt dir är perséinlech gréng Oase. 

Net jiddereen huet d'Chance en Haus mat engem Gaart ze hunn. Zemools Leit déi an enger Staat wunne verlaangeren no engem Fleck Gréngs, den och just engem selwer gehéiert. Ween e Balcon huet, den ass awer mat e puer einfachen Tricks net weit vun engem Gaart fort. Op mannst fir en änlecht Gefill kann ee suergen. Wichteg sinn dofir natierlech Planzen. Mee och em déi muss een sech këmmeren. Basilikum, Menthe, Rosmarin. E puer Kraider maachen äre Balcon net nëmme schéin, mee och nach Nëtzlech. All Hobby Kach freet sech em e Sortiment u Kraider am Haus. Wann dat awer net duer geet, dann dierfte Blummen de Balcon direkt méi gemittlech maachen. Och en Olivebam kann dofir suergen, sech seng Oase méi gréng ze maachen.

Still an en Dësch um Balcon sinn zwar essentiell, mee och en Eck aus Paletten a Kësse kënnen äre Balcon méi gemittlech maachen. Wann Temperaturen dann owes méi kill ginn, kann een sech do mat enger Decken hi kuschelen.

De Summer ass nach net ganz eriwwer. Do dierft een dann nach vun de leschte Méiglechkeete profitéieren dobaussen ze grillen. Wann et erlaabt ass, kënnt dir iech e mini Grill op de Balcon stellen a vum richtege Gaart Feeling profitéieren. Wien e Fan vu kënschtlechem Gras ass, kann um Buedem natierlech eng Platz mat Gras ausleeën. Oder dir leet e flotte Buedem op de Balcon an hutt domat net nëmmen e flotten Eck fir de Summer, mee och nach e Fleck Gréngs fir Energie ze tanken.

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

xx, Mira