Wee kennt et net. No enger Vakanz rëm zeréck an den Aarbechtsalldag ze kommen? Horror! Mee dogéint kann een eppes maachen: 

D'Rentrée. E Begrëff de vill Schüler a Panik versetzt. E neie Start am Job, an der Schoul oder op der Uni no enger laanger Vakanz fält ëmmer schwéier. Zemools well de Kierper eng Zäit brauch, bis en sech un e neien Zoustand gewinnt huet. Wann dir also eng kéier an engem Motivatiounslach hänkt, da ginn et genuch Methoden do och rëm rauszekommen oder preventiv dogéint ze wierken. Bei engem neie Start hëlleft e neien Agenda. Direkt mat Uerdnung an e neit Kapitel ze starten, hëlleft a mécht Spaass. Do kann een dann nach faarweg Stëfter an Ziedele benotzen, fir seng ToDos och richteg ze uerdnen. Gesäit net nëmme gutt aus, motivéiert och.

Wiem et schwéier fält moies frei opzestoen - an do kann e mech definitiv dozou zielen - dem kéint et hëllefen direkt mat der richteger Playlist opzestoen. Paakt iech all déi Lidder, déi iech freet maachen an eng Lescht, an dréckt direkt op Play. Da kommt dir guer net ob d'Iddi mam falsche Fouss opzestoen.

Wee scho genuch domat ze kämpfen huet, rëm zréck an den Job oder an d'Uni ze kommen, dem kann ech roden all déi Saachen, déi een zousätzlech nach stressen, scho virdru gemaach ze hunn. Botzen, raumen, akafen. Maacht et bevir den anere Stress ugeet. Sidd dir kee Fan vum kachen a sidd virun allem midd, wann dir owes no der Arabescht heem kommt? Dann huelt iech een Dag an der Woch wou dir entweder all är Moolzechte plangt, oder kacht souguer scho vir. Wann een sech dorëms kee Kapp maache muss, kann een sech just em sech selwer an de Neiufank këmmeren.

Wichteg: Iwwerrumpelt iech net ze séier rëm an ärer Routine unzekommen. Sief et mat Sport oder aneren Aktivitéiten. All Neiufank ass eng Ëmstellung an den däerf een och roueg méi lues ugoen.

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

xx, Mira