Ob eemol gëtt et kal an dir hutt awer nach sou guer keng Loscht ob de Summer ze verzichten? Ech och net.  

Dëst ass en Hommage un de Summer. Den eis all Joer op e neits déi schéinst Momenter liwwert. An och wa mir dëst Joer méi waarm Temperaturen haten, wéi fir d'Natur an eis gutt wären, trauere vill vun eis och ëmmer direkt dem Summer hannendrun. Fir net direkt an den Hierscht iwwergoen ze musse ginn et e puer Tricks, wéi dir de Summer nach méi laang erhale kënnt.

Wee seet dass een all déi lecker Saachen am Summer net och nach dono iesse kann? Glacen, iced coffee, Zaloten a killt Gedrénks. Wann dat eppes ass wat dir direkt vermësst, dann integréiert et dach einfach weider an ären Alldag. Et gëtt kee Gesetz dat verbitt, dass een net och am Wanter Glacen iessen dierft, oder?

Wien am Summer gäre vill Zäit an de Piscine verbruecht huet, den dierf dat och weiderhi maachen. Zoue Schwemme ginn et genuch hei am Land. Alles wat dir braucht ass äre Bikini oder är Schwammbox a scho laaft dir dem Summer hannendrun.

Grillen am Hierscht, dierf een dat? Firwat da net. Dir musst iech just eng Jackett undoen, a scho kënnt dir de Grill uschmäissen. Virdeel dovun: dem de grillt ass et souwisou méi waarm.

Eppes wat een awer leider net sou einfach apake kann ass d'Sonn. Och wann een am Hierscht vu wonnerschéine sonnege Momenter profitéiere kann, ass Temperatur ëmmer eng aner. Wien et gäre waarm huet a villäicht souguer och mol rëm e bësse schweesse wëll. Den dierft mat enger visit an enger Sauna zefridden ze stelle sinn. De Summer muss net fort sinn, nëmme well dat sou um Kalenner steet.

Mee denkt drun: wier e wierklech sou schéin, wa mir net no em verlaangeren dierften?  

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

xx, Mira