
© Pexels
Fir d'Sushifans gëtt et elo veganen Thon, mee aus wat e besteet, do kommt dir ni drop!
Déi vegan Ernierung ass fest an eisem Alldag etabléiert. Wat viru 5 Joer nach schwéier um Marché ze fanne war, ass mëttlerweil an all klengem Supermarché vertrueden. Vegane Botter, Vegane Kéis a vegan Zoossiss. Mee wat déi fein Kichen ugeet haten et Veganer oft schwéier. E vegane Camembert, eng Thoncreme oder reng vegan Patisserie war do ondenkbar. Lo gehéiert et bei de veganen Alldag dobäi an et komme Gott sei Dank och ëmmer méi esou Produiten op de Marché.
Eppes wat déi vegan Sushi-Frënn freeën dierf ass de neisten Trend veganen Thon ze kachen. Aus wat de besteet wäerten awer elo vill schockéieren. Eng TikTokerin huet den Trend an d'Liewe geruff an den hunn ech dann och fir iech getest. Veganen Thon kann een nämlech ganz einfach aus Waassermeloun hierstellen. Jo dir hutt richteg héieren.
Dir braucht dofir eng kleng Waassermeloun, 50 ml Sojaszooss, Noriblieder, neutrale Planzenueleg, Salz a Sesamueleg. Da schneit dir d'Waassermeloun an déi Stécker, déi dir gären hätt. Gitt all d'Ingredienten dobäi a vermëscht alles gutt mat den Hänn. Déi marinéiert Waassermelounstécker leet dir dann ob e Bakblech a loosst déi fir eng Stonn bei 180 Grad am Schäffchen. Wann dir se raushuelt, misst dat ganz eng änlech Konsistenz zu Thon hunn an dir kënnt déi entweder bei der Zalot, am Sushi oder a Bowlen iessen. Firwat et tatsächlech klappt? De Goût vun de Noriblieder, also d’Algeblieder déi ee vum Sushi kennt zesumme mat der Sojaszooss bréngen d'Erënnerungen un den Thon ervir a suergen tatsächlech fir en änleche Goût. Et ass ob allefall en Test wäert.
xx, Mira