Laang Been, oversized Look... wat ass dëst Joer in?  

Richteg schéi laang Been ze stylen, ouni dass e wierklech grouss ass fält am Hierscht méi schwier. High Heels si bei dem Wieder keen Thema méi a bei den Temperaturen huet een oft vill verschidde Stoffer un déi d´Silhouette verdecken. Do gëtt et awer elo eng Léisung: Flared-High-Jeans. Dat ass eng héisch geschnidde Schlaghose a wäert dësen Hierscht Moud-Trends dominéieren. Mam héije Schnatt kënnt dir iech do e puer Zentimeter méi grouss huddelen an dat ganz ouni héisch Schong.

Generell ass den High-Waist Schnatt all Joer op e neits den Trendsetter a menger Meenung no och einfach vill méi bequeem wéi aner Boxen. Do setzen ech nämlech ganz kloer ob den Trend, dass e bequeemen Alldag vill méi wichteg ass wéi sech an ze enk Boxen ze quëtschen.

Ween dann elo wësse wëll wéi e seng héisch Boxe richteg stylt, de mëscht mat engem Crop-Schnëtt alles richteg. Ob Pullover, Blusen oder T-Shirten. Wann déi méi kuerz geschnidde sinn, ass et dat perfekten Duo zu enger héijer Box.
Wann Temperaturen awer nach méi kill ginn an Haut weisen éischter dozou feiert, dass e krank gëtt, da kann d’Léisung de Layering Look sinn. An déi héisch Geschnidde Boxen eng Blus, e waarmen Top oder en dënne Pullover stoppen an doriwwer dann e gestréckte Cardigan oder eng déck Jackett undoen.

Fazit: D’Hierscht Moud orientéiert sech an de Brongen Téin, héije Boxen a kuerzgeschnidde Pulloveren. An och Sträife wäerte mir iwwert de Wanter vill gesinn.

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

xx, Mira