Du bass fir dech selwer verantwortlech an dat kann eng positiv Auswierkung hunn. 

Mir all hu geleiert, dass d'Gesondheet wichteg awer och zerbriechlech ass. Dowéinst ass et am Joer 2022 nach méi wichteg ginn, gutt ob sech opzepassen. Experten aus dem Zukunftsinstitut roden dowéinst zu engem holisteschen Usaz. Dat heescht: Et soll ee Kierper, Geescht a Séil an Aklang bréngen an och gutt versuergen. Séier Vitaminn-Pellen ofzeschlécken, well e gestresst ass a net richteg schlofe konnt ass do de falschen Usaz. Déi mental Gesondheet ass oft den Ausléiser fir Krankheeten, just fanne mir oft vill ze spéit raus, dass ee mental ongesond ënnerwee war.

Stress evitéieren ass méi einfach gesot wéi ëmgesat. E stressegen Alldag kann een eben heefeg net ausschléissen. Wat een awer maache kann ass sech dobäi da gesond ze ernären an ob genuch Beweegung opzepassen. Anstatt den Auto fir an de Supermarché ze huelen, kënnt dir de Wee och ze Fouss goen. Einfach mol eng Statioun éischter beim Tram erausklammen an ouni Handy am Grapp op d’Arabescht trëppelen. Seng Ëmgéigend och wierklech wouer huelen. Soubal een den Handy am Grapp huet kritt een déi nämlech guer net méi mat an e frëndlecht Laache wat een iech geschenkt huet ass séier iwwersinn, kënnen den Dag awer direkt méi schéi maachen.

Wat och hëllefe kann, de stressegen Alldag ze kompenséieren ass d'Meditéieren. De Begrëff schréckt vill direkt of, mee u sech bedeit dat just dass dir iech relax dohi setzt, an duerch eng Meditatioun mat relaxer Musek an engem Stemm begleet gitt, déi iech verschidden Aufgabe gëtt. Wéi zum Beispill reegelméisseg Ootmen oder doriwwer nodenken, wat dir haut alles Positives gemeeschtert hutt.

Et ass zwar en Trend méi ob déi holistesch Gesondheet opzepassen, mee usech sollt et einfach eng Noutwenneg Moossnam am Alldag sinn.

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

xx, Mira