
© Pexels
Hutt dir e gréngen Daum? De Plantemic-Trend setzt den nämlech viraus.
Iwwert Pandemie ass an eise Wunnengen e neien Trend opkomm an dee nennt sech Plantemic. Dat heescht dass mir d'Bedürfnis kritt hunn eist Doheem méi Gréng ze maachen an d'Natur vu baussen eran ze huelen. Egal ob Calathea, Monstera oder Efeu – si all hunn eis Trouscht gespent an dofir gesuergt dass d'Loft an d’Schlofqualitéit besser gëtt.
Ween also schonn ëmmer e Faibel fir Planzen hat, ass also lo nach méi am Trend.
De Planze Boom huet net nëmmen dofir gesuergt, dass Blummegeschäfter gutt besicht waren, mee och dass nei Geschäftsmodeller entwéckelt goufen. Zu Wien an engem Concept-Store kann een net nëmmen déi neisten Trends u Planze kafen, mee sech och nach dobäi mat enger Community bei engem Kaffen doriwwer ënnerhalen.
Generell ass et och an de soziale Medien in ginn, Wunnenge mat vill gréngs ze posten a sech och iwwert Fleeg dovunner ze ënnerhalen. Sou eng Planz ass nämlech och Aarbecht. Déi richteg Géisskan, de richtege Rhythmus, d'Quantitéit vum Waasser, ob d’Blieder musse gesprëtzt ginn oder net – dat alles gehéiert als Planzebesetzer bei den Alldag dobäi. Wat dir awer och vill gesitt si Caféen a Geschäfter, déi ganz Wänn mat Planzen dekoréieren. Dat suergt oft net nëmme fir e gemittlecht Gefill, mee och fir déi perfekt Location fir eng nei Insta Foto. Wann dir e puer Planzen-Tipps u mech hutt, loosst et mech gäre wëssen. Ech sinn nach nei an dëser Welt. Dofir sinn ech ëmsou méi frou, dass ech bis elo dem Trend vun den Drescheblummen nogoe konnt a meng Wunneng mat gedréchente Blummebouqueten dekoréiert war.
Plantemic, en Trend den eis hoffentlech d'Natur e Stéck méi no bréngt.
xx, Mira