
© Pexels
Duerchsichteg Këschten, Boxen a Behälter a wat een nach alles sou brauch, fir säin Doheem nei ze strukturéieren.
Onuerdnung war gëschter. Elo ass et in säin Doheem opzeraumen. Vum Schreifdësch bis bei de Frigo gëtt alles no Faarwen a Gréisste sortéiert. De Grond dofir? D'Serie „the home edit" aus Amerika. An der Serie kuckt een 2 Opraum-Expertinnen no, wéi si enner anerem Haiser vu Promien opraumen. Dat ganzt huet dann esou eng berouegend Wierkung ob eis, dass mir eis och ëmstrukturéiere wëllen.
Dir braucht dofir virun allem ganz vill Këschten. Dat si meeschtens duerchsichteg Behälter, an deenen dir alles uerdentlech verstaue kënnt. Am Frigo stinn dann all är Jughurten an enger Box an an der anerer alles fir op d'Schmier. Dat gëtt och mat de Nuddelen, mam Reis a Müsli gemaach. D'Liewensmëttel ginn aus der Originalverpackung rausgeholl, an e Behälter aus Glas oder Plastik ëmgeschott a beschrëft. D'Ziel dovun ass, dass alles clean an opgeraumt wierkt. Dobäi ass et da wichteg, dass d'Behälter all d'nämmlecht ausgesinn. De Virdeel vun dem ganzen ass och nach dass dir an onverpaakt Butteker akafe kënnt an zum Beispill just souvill Reis nokaaft, wéi dir och wirklech braucht. Et ass also net nëmmen en Trend fir d’Aen, mee deelweis och nach ee fir eis Ëmwelt. Beim Büro kënnt dir d'Stëfter no Faarwen uerdnen, är Dossiere verstauen, am Buedzëmmer de Neellack sortéieren an är Strëmp an Ënnerwäsch no Kategorie uerdnen.
Dir mierkt, de Sortéier an Opraum Trend fënnt keen Enn. Den eenzegen Nodeel vun dem ganzen ass, dass déi Behälter, déi ee mëttlerweil an all online Shop fënnt, och net ganz bëlleg sinn. Do iwwerleet een sech dann zwee mol wat ee wierklech sortéiere muss a wou eis d’Netflix Serie einfach ze staark beaflosst.
xx, Mira