E Schäffchen, den onnéidegt Fett rausfiltert? Kléngt wéi en Dram.

Frittéieren - mee ouni Fett? Dat kléngt scho bal utopesch, gëtt awer mat engem Airfryer Realitéit an ass am Moment voll am Trend.

Ech selwer hunn nach keen, e steet awer ganz uewen op menger Wonschlëscht. Dir kënnt nämlech tatsächlech bal alles am Airfryer kachen, wat dir och an e Schäffche pake geift.

Baken, broden, grillen, mee ouni Ueleg. Wéi de Numm et scho seet gëtt mat enger Heißluft Technologie geschafft.

Duerch d’Loftzirkulatioun gëtt onnéidegt Fett aus äre Liewensmëttel rausgezunn an an engem Behälter opgefaangen. Wann dir also e Poulet an engem Airfryer brode wëllt, da sammelt den all onneidegt Fett, wat dir soss eigentlech um Teller leien hätt. Den Trend an eng méi gesond Kichen ze investéieren, mécht den Airfryer e perfekten Alldagsbegleeder.

Och wann een en anscheinend fir alles benotze kann, wär ech bei e puer Rezepter skeptesch.

Den Airfryer ass nämlech däitlech méi kleng wéi e Schäffchen. Broden a Frittéiere gëtt domat méi einfach, bake géif ech awer warscheinlech weiderhi wéi gewinnt. Op Instagram kënnt den Airfryer am heefegste bei Fritten zum Asaz. Déi ginn domat richteg cross an dir spuert bis zu 50% Fett.

En Airfryer fannt dir och an alle Präiskategorien an an alle Gréissten. Do sollt een sech dann am beschte virum Kaf d’Fro stellen, fir wat dir e benotze géift a fir wéi vill Leit dir kache musst. Fir mech wär et e perfekten Zousaz fir e Schäffchen, den ech awer net domat ersetze wéilt. Wann ech baken, da richteg.

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

xx, Mira