Mir kennen et aus eiser Kandheet. Mee firwat hëlleft eis Journaling och als Erwuessenen? 

Dës Woch beschäftege mir eis mat eiser mentaler Gesondheet a wat mir maache kënne fir déi ze verbesseren. En Trend den een ëmmer méi gesäit ass Journaling. Amfong steet de fancy Begrëff fir näischt aneres wéi „Tagebuch schreiwen". Kenne mir all aus eiser Kandheet, mee firwat sollte mir dat dann elo als Erwuesse Persoun weiderféieren?

Ganz einfach: Beim Tagebuch schreiwen iwwerlee mir, wat alles am Dag geschitt ass, wéi mir eis fillen a wat eis wichteg ass. Sou änlech mécht een dat och mam Journaling, just dass een oft moies domat ufänkt, fir mat fräiem Kapp an den Dag ze starten. Wéini een et mécht ass awer jidderengem selwer iwwerlooss. Dir setzt dobäi de Fokus op är Gefillswelt.
Wéi geet et mir? Wat hunn ech an der leschter Zäit geleiert? Wat well ech erreechen? Woufir sinn ech dankbar? Sech déi Froen ze stellen hëlleft dobäi sech besser kennenzeléieren. An tatsächlech fält engem dobäi op, dass een d’Äntwerten op déi Froen zwar kennt, se awer oft am Alldag vergësst oder bewosst ignoréiert.
Journaling hëlleft dann dobäi, déi Gedanken op Pabeier ze bréngen a sech dobäi méi liicht ze fillen. De Virdeel dovun ass dann och, dass een de Wieder op Pabeier méi Glawe schenkt, wéi wann déi Gedanke just frei am Kapp ronderëm schwirren. Probéiert et einfach mol aus a leet dobäi e Fokus drop, ob wat dir stolz kënnt sinn. Do kennt méi zesumme wéi e mengt.
Et ass en Trend fir eis mental Gesondheet, dem e gären Opmierksamkeet schenken dierf.

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

xx, Mira