
© Pexels
Gnocchi sinn net nëmmen e richtege Klassiker, si kënnen och a ville Varianten zoubereet ginn. Mat Geméis, kalorienaarm oder séiss:
Gnocchi sinn net nëmmen e richtege Klassiker, si sinn och deelweis nach méi Kalorienaarm wéi normal Nuddelen. Den Trend geet awer lo an eng Richtung, de souguer Gnocchi méi gesond maache wëll. Net méi Kalorienaarm mee dofir awer och mega lecker si Gnocchi aus Süßkartoffel. Also schonn eleng do fannt dir einfach méi Ofwiesslung an der Kichen. Sou lo dann awer bei déi gesond Alternativen: An dat mat Kürbis. Passend bei de Wanter braucht dir dofir just mäin oranget Liblingsgeméis a wäisse Kéis. Da kommen nach 2 Eeër dobäi an e bësse Miel. Wee kee Kürbisfan ass, de kann et mat Choufleur probéieren. Dofir braucht dir dann nëmmen nach 120g Miel an eng Pouz Salz. De Choufleur musst dir kachen, ofdréchnen an dann an engem klenge Mixer kleng hacken. Da kennt Miel dobäi, d'Salz a wann den Deeg déi richteg Konsistenz huet, also net ze dréchen a net ze naass, da kënnt dir är Gnocchi schneiden am Waasser kachen. A schonn hutt dir eng Alternativ fonnt.
Déi lescht Alternativ besteet zwar och haaptsächlech aus Gnocchi, huet awer eng verstoppten Zutat déi se optesch net nëmme veränneren, mee och nach e bësse méi gesond maachen. Spinat Gnocchi. Besonnesch flott duerch hier gréng Faarf net nëmmen en Hingucker wann dir mol Besuch hutt, mee bréngt Kanner villäicht och dozou, eng Grimmel méi Geméis ze iessen. Dofir braucht dir 800g mieleg Gromperen. 200g frësche Spinat, 300g Miel an dann natierlech och rëm Salz a Peffer.
Fir all d'Gnocchi Fans hunn ech lo hoffentlech e puer Alternative geliwwert, déi net nëmme mir d'Waasser am Mond zesumme lafe loossen.
E gudden Appetit,
Mira