
© Pexels
Dir wëllt an ärer Wunneng eppes veränneren an e bësse Pepp rabréngen? Dann dierft den heiten Trend eppes fir iech sinn:
Dir stitt an ärer Kummer an hutt es einfach sat op eng wäiss Mauer ze kucken? Dann ass elo Schluss domat. Déi heite Faarwe sinn nämlech den Trend am Hierscht.
Ugefaange mat neutralen Téin fir méi Rou. Naturtéin wéi Béige, Sandfaarweg an hellbrong. Déi erënneren u Fielsen, Stränn a Beem a bréngen sou méi Gemittlechkeet an äert Doheem.
Ween e Fan vu Faarwen ass, fir de bréngt Flieder déi passend Stëmmung an e Raum. Flieder wierkt opmonterend an optimistesch. Dobäi passt se sech awer och gutt un eng Ariichtung un an ass keen ze staarke Kontrast.
Heifir brauch et elo villäicht e bësse Courage, mee wann dir virun allem just eng Mauer domat usträiche wëllt, kann dat e richtegen Hingucker ginn. An zwar raschtegt Rout. Wann d'Faarf e gëllenen Ënnertoun huet, wierkt se méi waarm a schlicht. Zemools an enger Kichen oder am Iesszëmmer kann et méi pepp an är Wunneng rabréngen an déi richteg Accenter setzen.
Lo komme mir da bei déi Faarf, déi warscheinlech fir mech genau dat richtegt wär. Oder och net, well meng komplett Ariichtung sou ass. An zwar Crème Faarwen oder och nach Offwhite genannt. Doduerch ass är Wunneng net einfach just wäiss, mee wierkt duerch déi Cremeg Téin méi schick. Souwuel eng Boho wéi och eng klassesch Ariichtung passt do perfekt dobäi.
Déi lescht Faarf passt bei eise Plantemic Trend. Gréng. Ween d‘Natur an d’Haus brénge well, de kann net nëmme mat Planze mee tatsächlech och mat grénge Faarwe fir déi richteg Atmosphär suergen.
Déi 5 Stilrichtunge sinn iwwregens net nëmmen ob de Mauere flott, mee och bei Miwwelen. Wäiss a wäiss wär jo och langweileg.
xx, Mira