Eng Schmier mat Botter war gëschter, lo iesse mir all Botter um Briet. 

Et ass Chrëschtdag  an dir braucht villäicht nach eng Iddi, wat dir beim Apero zerwéiere kënnt? Villäicht hutt dir den Trend schonn an de soziale Medien entdeckt. Butterboard heescht en, gesäit fancy aus an ass amfong näischt aneschters wéi verschmierte Botter op engem Briet. Sou lo drécke mir dat ganzt awer mol e bësse méi elegant aus. Et gesäit nämlech tatsächlech richteg flott aus a suergt fir en Hingucker um Iessdësch.

Dofir braucht dir: e schéint Holzent Briet wou dir är Botter Stéck fir Stéck drop schmiert. An do kënnt et op d'Technik un. De Botter kann een nämlech an ënnerschiddleche Formen ob d’Bried schmieren, soudass en ausgesäit wéi Blummeblieder oder dass Kreesser am Muster dra sinn. D'Basis fir äert Butter-Board steet scho mol, mee wat kënnt drop? Op gehäerzt oder séiss kann een sech do komplett austoben. Wat net feelen däerf ass grafft Salz. Da kënnt dir Chili an Hunneg, Geessekéis a Figen, Kraider a Knuewelek oder Zitroun a gedréchent Tomaten drop leen.

Wee léiwer eppes Séisses wëll, de kann Äppel, Ahornsirop, Kanéil a Nëss drop maachen. Dat wichtegst dobäi ass, dass de Botter Zëmmertemperatur huet a sech gutt verschmiere léisst.

Wee lo absolut kee Botter-Fan ass oder eng méi kalorienaarm Variant wëll hunn. De kann d'Butterboard och einfach mat wäissem Kéis zerwéieren an dorop alles garnéieren, wat em an de Kapp kënnt. Oder wéi wär et mat engem Hummus Board, ohgott oder e Schockelasbotter Board? Ok ech sollt lo villäicht ophale mam fillen nodenken, soss rulle mir gläich all duerch d'Chrëschtzäit. Woubäi, dat wärte mir souwisou.

E Gudden Appetit a ganz schéi Chrëschtdeeg gewënscht.

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

xx, Mira