
© Pexels
Vu Glitzer, bis Gold. Wéi dierf eis Deko dëst Joer fir Chrëschtdag ausgesinn?
De Countdown leeft, Chrëschtdag steet virun der Dier. Mee wat ass dëst Joer a Punkto Deko eigentlech am Trend?
D'Faarwe vun der Natur: Himmelblo, Käschtebrong an Dännegréng. Mee et däerf och méi glanzvoll sinn a glitzeren. Gold ass natierlech och dëst Joer d'Faarf fir Chrëschtdag. Ob gëllen Deko, gëllent Besteck oder gëllen Accessoiren. Dat bréngt net nëmme wärmt an äert Doheem, mee mécht Chrëschtdag och direkt méi stilvoll. Ween nach net weess wéi en d'Setzuerdnung maache soll, de kann d'Nimm op gëlle Stäre schreiwen. Och wann et egal ass ween wou setzt, mécht et är Deko um Dësch direkt méi schéin.
Wat och dës Adventszäit net feelen dierf sinn natierlech Luuchten. Mee well mir all Stroum spuere mussen, kann een do gären op Käerzen zréck gräifen. Déi sinn och direkt vill méi gemittlech. An do däerf et tatsächlech och méi ausgefale sinn. Faarweg laang Käerze sinn dëst Joer allgemeng en Trend. Déi kann een dann och d'ganzt Joer vereenzelt do stoe loossen.
Eppes wat och net feelen dierf, si Chrëschtdagstextilien. Yes dozou gehéiert dann och de Chrëschtdagspullover. Mee ween et lo net ze vill iwwerdreiwe wëll, de kann och mat Këssen a verschidden Decken am Chrëschtdagsstil fir eng gemittlech Atmosphär suergen. Well dat ass, ob wat et ukënnt. Gemittlech zesumme setzen a sech einfach wuel fillen. Egal a wéi enger Form e Chrëschtdag feiere well.
xx, Mira