An dat neit Joer starte mir mat Glamour puer! 

Dëst Silvester steet ënnert dem Motto: Méi ass méi! Et däerf glitzeren, et däerf extravagant sinn a virun allem dierfe mir mol rëm richteg feieren. Mat Minijuppe kann et awer och mol e bësse frësch ginn an dofir kommen hei 4 Styling Trends mat laange Boxen:

D'Stéchwuert dofir ass d'Disco Box. Eng Box déi glitzert ass villsäiteg a passt sech un all Motto un. Soll et méi schlicht sinn, kënnt dir d'Glitzer-Box mat engem Pullover a Stiwwele stylen. Wann et méi schick soll sinn, deet een eben en Top un den och glitzeren dierf, e Blazer an héisch Schong.

Wann et net ënne glitzert, dann uewen. An zwar mat enger Pailletteblus. Déi fannt dir mat kuerzen oder laangen Äerm. Dobäi eng Liedersbox a scho wäert iech jiddereen op der Danzpist rëmerkennen.

Déi nächst Styling Iddi kënnt dir amfong selwer erroden. Jo, natierlech geet et rëm em Glitzer a Pailletten. De Pailletteblazer gëtt awer gäre mat enger Jeansbox a Pumps ugedoen. Also fannt dir och hei d'Méiglechkeet schick a lässeg ze kombinéieren.
Wien et bei deenen dräi Méiglechkeeten awer gär extra schick hätt, dee kombinéiert de Pailletteblazer einfach mat enger Paillettebox oder enger Liedersbox a scho kënnt dir äert Outfit selwer sou extravagant maachen, wéi dir et braucht.

Zu gudder Lescht komme mir bei de Boxekostüm. Mee natierlech muss och den eng Grimmel méi extra sinn an dofir besteet dësen aus Samett oder Satin. Langweileg Silvester Outfits stinn dëst Joer also net um Programm.

E gudde Rutsch a vill schéi Momenter am neie Joer!

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

xx, Mira