Ennert dem Titel “ Toy Story“ huet den Gabriele Galimberti Kanner op der ganzer Welt mat hieren Spillsachen fotograféiert.
Och Kanner hunn hieren Lifestyle, an dat huet een italienschen Fotograf sech zum Motto gemaach.
Lauschtert hei den Reportage:
Den italienschen Fotograf Gabriele Galimberti huet no sengem 18 Méint Trip duerch d‘ Welt e ganze Katalog matbruecht mat Portraiten vun Kanner mat hirem Spillgezei. Am Alter vun 6 Joer sinn d‘ Kanner all d‘ nämlecht si wëllen just spillen.Dobäi huet hien erausfonnt, dass Kanner vun räichen Elteren, méi possessiv mat hirem Besëtz emgin. Hien huet méi laang gebraucht mat hinnen ze spillen, wéi mat Kanner an aarmen Länner. An Afrika sin d‘ Kanner souwisou mat den Frënn spillen gaangen. Am Mettleren Osten an an Asien hunn d‘ Elteren méi drop gehalen dass hie Kanner virun d‘ Kamera ginn. Et entdeckt een virun allem d‘ Ambitiounen vun den Elteren hannert den spillsachen. Eng lettesch Mamm fiert Taxi an keeft hirem Jong kleng Autoen. Duerschter vum italieneschen Bauer weist stolz seng Plastiksschepp mat der Schubkar fir den Stall auszemeschten. Mir gesinn den stolzen Enea aus Colorado, mat senger Sammlung un Kannermusekintsrumenter: Guitaren, Bongoen , E Piano an eng Batterie. D‘ Julia aus Albanien steet an engem Rosa Zëmmer mat Prinzessinnebett mat enger Sammlung un Barbien. E Meedchen aus enger gudd situéierter Famill an Indien, spillt am léifsten Monopoly, well sie d‘ Iddi super fannen Haiser an Hoteler ze bauen. De Jong aus Mexico huet e Faible fir Camionen , well hien se all Dag duerch säin Duerf gesäit fueren fir bei Zockerouerfelder. De Pavel aus der Ukraine huet dergeint eng Waffensammlung, u Spillpistoune viru sech opgestallt. Op verschiddenen Ecker op der Welt ginn och di nämmlecht Iddien gelieft, sou hun den Jong aus Texas an d' Meedechen aus Malawi allen 2 Platiksdinosaurier, fir virun Béisen an der Nuecht ze schützen.
Julia, Albanien:
Alessi, Italien:
Maudy, Zambia: