Ween kennt et net? Fetteg Fangeren nom Chips iessen an di éiweg Fettflecken. Dat muss awer lo net méi sinn. Gesond Chips sinn voll am Trend.

Et geet net ouni Chips

Obwuel mir wëssen dass se alles anescht wéi gesond sinn an och net grad dënn maachen sinn si beim "canapéieren" e MUST: d’Chips. Fir all d’Chips-lover gëtt et awer sou lues eng gesond Ofwiesslung, e gesonden Trend deen um Virmarsch. Ass. d’Gemeis-Chips.

Geméischips sinn di méi gesond Chips

A färdeg-Chips sinn dacks kënschtlech Aromen a sougenannte "Geschmacksverstäerker". Genau dowéinst kann een net domatt ophale wann ee bis eemol domatt ugefaangen hutt. Geméischips sinn do eng liicht Alternativ aus dem Uewen déi een och selwer maache kann. Egal op Aubergine, Grénge Kaabes oder "Patate douce" all perfekt fir d’Geméischips. A méiglechst kléng Scheiwe sollten si geschnidde ginn,grëndlech dreschnen, Olivenueleg drop, mëschen a ran an den Uewen.

An "zack" sinn se fäerdeg: di gesond Versioun vun de Chips.

Gudden Appetit!