© Piqs.de
Reng meteorologesch hunn mir Hierscht. An och kalendaresch dauert et just nach e puer Deeg bis den Hierscht ufänkt. Trotzdem kann een sech freeën.
Hierscht dat ass d’Zäit wou een sech dann definitiv vun de kuerze Summerboxen an Hotpants trennt. Déi ginn da géint Liiblingspullover a schick Boots agetosch. Gäre kann dann och eppes neits kaf ginn. An zack hunn mir den éischte Grond sech ze freeën: en neien Hierschtoutfit. D’Fouer ass grad eriwwer do fänkt dann och schonn d’Oktoberfest un. Fir vill Leit och hei zu Lëtzebuerg e feste Rdvz. E weidere Grond sech ze freeën och ganz kloer dat lecker Iessen am Hierscht. Sou lues gëtt et Zäit fir lecker Zoppen, Käschten oder lecker Kalbass. Och frësch Friichte wéi Bieren oder Appel hunn lo Haaptsaison.
D’Fans vum Bond freeën sech souwisou: den nexte Bond kënnt de 5ten November an de Kino.
E bëssi virdrun ass Halloween net wäit. Net nëmme fir Kanner e Spaass. Fans vun Horrorfilmer kommen di Deeg rondrëm den 31ten op der Tele op hir Käschten an iwwerall ginn et Halloween Partyen. Och am Eldoland start nees den 31ten di grouss HalloweenParty a Clausen. Sollt een sech scho mol rout am Kalenner usträichen.