© Piqs.de
Et ass dat wat jiddwereen wëll: eng Kéier an d'Vakanz fléien, awer Business-Class an net Economy. Dat geet, souguer gratis! Mir hunn e puer Tricker.
Gratis "Business-Class" fléien? Mir hunn e puer Iddien an Tricker fir iech wéi dat kéint bei der nächster Vakanz funktionéiere.
- Fir d’éischt mol zielt den Timing. Wien als éischten oder leschte kënnt, huet d'Chance en Upgrate ze kréien. Kritt een en net, kritt een op d’mannst nach eng vun deene beschte Plazen an der Holz-Klass.
- Ween alleng reest ass am Virdeel. Eng ganz Famill kënnt sécher net an d'Business-Class. Alleng sinn d'Chance méi héich.
- Dot iech schick un! Et muss net ee ganze Kostüm sinn, mä en Hiem an eng stoffte Box, rsp. eng Bluse a Jupe wiere vu Virdeel.
- D’Wahrscheinlechkeet op kuerze Volen wéi München-Berlin en Upgrade ze kréien ass kleng. Bei méi wäiten Ziler ass d'Chance méi grouss. Besonnesch an der Vakanzenzäit ass dëst dacks méiglech.
- Flitt op ärem Gebuertsdag, well och dat kann hëllefen. Kritt dir dann en Upgrade, rentéiert et sech net nëmme fir iech mä och fir d’Airline. Och Leit déi frësch bestued sinn, kënne roueg soen, dass se grad an de Flitterwoche sinn.
- Sidd frëndlech, och bei engem "Nee".
- Dat Wichtegst ass ze froen! Wann dir als Äntwert kritt: "Wéi wëllt dir bezuelen, cash oder mat Meilen?", da sot einfach: "Ech duecht dat géing esou goen." Dir kritt frëndlech gelaacht a wahrscheinlech geroden et nach eng Kéier um Gate selwer ze probéieren. Heiansdo gëtt probéiert fir Airline Mataarbechter oder Frënn nach eppes am Fliger z’organiséieren, ...vläit är Méiglechkeet Business ze fléien.