© screenshot Skipping Rocks Lab
Plastik ass extrem schwéier ze Recycléieren. Dernieft verknascht en de Moment eis Gewässer.
Wéi kann ee Waasser nach verpaken? Virun allem awer, wéi kann ee Waasser op eng Manéier verpaken fir dass dat ganzt e gutt Stéck méi ëmweltfrëndlech ass?
Déi Fro hu sech den Rodrigo Garcia Gonzalez a seng Equipe gestallt.
Eng kleng Waasserkugel déi ausgesäit wéi eng Iwwerdimensional Drëps. Dës Waasserdrëps soll ee komplett drénken kënnen inclusiv der Membran déi ronderëm d’Flëssegkeet ass.
Si fuerschen fir den Londoner Skipping Rocks Lab. An hei hu se eng kleng Waasserkugel déi ausgesäit wéi eng Iwwerdimensional Drëps erfonnt.
Dës Waasserdrëps soll ee komplett drénken kënnen inklusiv der Membran déi ronderëm d’Flëssegkeet ass.
De Moment muss een awer nach eng Léisung fir den Transport vun deenen Bullen fannen. Se ginn ze séier knaschteg oder Platzen ze séier.
Ass déi Léisung bis fonnt kann een a Serie goen. Éischt Firmaen hu schonn hiren Interessi ugemellt.