© ROBYN BECK / AFP
Wëll hat den Hiersteller ënnerstëtzen oder ass et wierklech cool. Den Tattoo fir an d'Hoer.
Gutt dass et Leit ginn déi sech sou hier Gedanke wat een alles ka maache fir op ze falen. Wann dat ganzt dann och Promien sinn, dann ass d'Chance méi grouss dat ganzt dann och nach gutt ukënnt. Theme Fake Tattooen.
Fake Tattooen huet ee jo an dësem Summer genuch gesinn. E ganze Koup Gold a Sëlwer ass engem aus den Dekolletee vun Handgelenker an iwwerhaapt och nach anere Kierper-Plazen entgéint.
D'Kylie Jenner léist dann elo e Summertrend nach eemol opliewen. An zwar sous forme vu klenge Biller déi ee ka mat spadséieren huelen. Et pecht ee sech dat ganz einfach an d'Hoer.
Och lo no Halloween kann een dat ganzt nach ganz bequem benotzen. A wann et nëmmen ass fir dem Chrëschtbeemche Konkurrenz ze maachen.
Et ass eppes wat mol guer keng sou eng schlecht Kritike krut.
Den Hiersteller ass eng Amerikanesch Firma déi sech speziell op Hoer Tattooe spezialiséiert huet.
Dat ganzt léist sech awer och mat ganz einfachen Accessoirë fir ze pechen ëmsetzen - an zwar folgender moossen:
Motiv ausschneiden, Folie erofzéien, Tattoo op d'Hoer drécken a mat engem Watte-Pad oder Läppche fir e puer Sekonnen naass maachen. Dann de Pabeier erof zéien.
Wien dat ganzt da net méi ka Gesinn dee kann et nees mat enger gudder Portioun Shampoo aus den Hoer eraus wäschen.