© piqs.de
Wien eng Scheedung verhënnere wëll dee sollt wëssen a wéi engem Alter ee sech sollt bestueden.
22,35 oder 41. Wéi een Alter ass dee beschte fir sech ze bestueden. En Amerikanesche Soziolog huet dat elo erausfonnt. Wat sécher ass, et gëtt den optimalen Alter fir sech ze bestueden. Dee läit tëscht 28 an 32 Joer.
Wien et méi spéit mécht, bei deem klëmmt d’Gefor spéider gescheet ze ginn. Ëm ganzer 5% soll de Risque klammen.
Fir dat eraus ze fanne goufen Informatiounen iwwer amerikanesch Koppele gesammelt. Alles vun 2006 bis 2010.
An der Moyenne gesäit et net gutt aus fir jonk Koppelen. Leit déi sech am Alter vun 20 Joer bestuet hunn hat deemno e Risque vu 50% fir nees gescheet ze ginn. Bei de Leit mat 25 Joer ass de Risque dann nëmmen nach hallef sou héich.
Den duerchschnëttlechen Alter an deem een sech bestuet loung am Joer 2013 bei 33,6 Joer. Am Joer 1991 war et nach bei 28,5 Joer. D‘ Frae leien altersméisseg gesinn an der Mëtt vum idealen Alter. Männer sinn e bëssen driwwer.
Statistik hinn oder hier: E Bestietnes hänkt natierlech och ëmmer vun de Liewesëmstänn of. Et soll lo kee sech dovunner ofhale loosse fir sech ze bestueden.