Messagen um Handy ouni Emojis verschécken, ass haut kaum nach virstellbar. Ëmsou besser, dass déi elo och op anere Plazen ze fanne sinn.

Déi meeschte Leit kënnen ouni Emojis guer net méi simsen. Mat hinne loossen sech Gefiller ausdrécken an dee Géigeniwwer huet et méi einfach fir een ze verstoen. Déi Schwäizer Firma Le Bar à Emoji print déi kleng Männercher a Gesiichter nämlech op Handycoveren, Poschen oder loossen se arummen, soudass aus den Emojis kleng Konschtwierker ginn.

Wien kennt se net - Déi kleng Afen, déi sech d'An, d'Oueren an de Mond zouhalen. A well sech déi kleng Biller net nëmmen um Enn vun engem Saz gutt maachen, kann een sech déi dräi elo och agerummt an de Living hänken. E richtegen Eyecatcher!

D'Emojis sinn aus eisem Alldag einfach net méi ewech ze denken. Ëmmer rëm kommen nei a verbessert Emojis dobäi an hu mëttlerweil e Kultstatus erreecht.

RTL

© Bar à Emojis

RTL

© Bar à Emojis