De Piercing erlieft en Opschwong. Wat bal net méi gefrot war, ass lo rëm déck um kommen.
Et ass an de leschte Joeren roueg an de Piercing-Studioen ginn. Wann ee nëmmen un déi Zäit denkt, an där e keen ongepiercten Bauchnuebel an der Schwämm gesinn huet. Och d’Ouereläppecher déi bei ville Leit direkt e puermol duerchstach goufen, si manner ginn. Et sinn Zäiten déi dann awer iergendwéi eriwwer sinn. Obwuel, gestach gëtt awer nach. An zwar duerch de Lëppseband.
E Piercing op där Plaz gesäit ee nëmmen wann ee laacht. Dofir gouf den Trend kuerzerhand Smiley gedeeft.
Säin Hype ass op Instagram sou staark, dass en um beschte Wee ass de Piercing duerch d’Nues of ze léisen.
Fir de bekannten New Yorker Piercer J. Colby Smith si Smiley’s seng nei Lieblingspiercings. D’Begrënnung heifir läit um Iwwerraschungseffekt. D’Smiley gesäit een ëmmer dann wann een am mannsten domat rechent.
Ma déi ganz Saach huet dann awer och hier vir a Nodeeler. D’Gefor eng Entzündung ze kréien ass den Dokteren no besonnesch héich. An och de Metall kann a long Terme un den Zänn krazen an hier Uewerfläch ofnotzen. Ofgesinn vun der cooler Optik huet et dogéint de Virdeel ouni siichtbar lächer déi net méi zou ginn doruechter ze lafen.