Sech op den Diecher vun der Welt ze Fotograféieren ass dee neisten a geféierlechen Trend an de Sozialen Netzwierker. Deen Trend nennt sech "Rooftopping".

Seng Been erof hänken loossen an dat an enger enormer Héicht. Op den Diecher vun dëser Welt. Ënnert hinnen gesäit een d’Luuchten vum Time Square zu New York.

Den Edward, alias Wanted Visual ass e Rooftopper: Dat si Mënschen, déi illegal ouni iergendwellech Sécherungen  op Héichhaiser klammen a spektakulär Fotoen an Videoen dovunner am Internet verbreeden.

Et ass awer net ganz ongeféierlech dat ganzt. Fir e puer Leit ass dat ganzt schonn déidlech op en Enn gaangen. Den Trend zitt sech vu New York iwwer Hongkong, Toronto a London bis op Moskau. Den Adrenalin Kick an d’Léift fir d’Fotografie si fir déi meeschten Rooftopper d’Haaptgrënn, hiert Liewen ze riskéieren. Et ass geféierlech an absolut verbueden.

Wien vun der Police erwëscht gëtt muss mat héige Geld a Prisongsstrofe rechnen. Et kann ee sech dernieft eeschthaft blesséieren oder souguer Stierwen wann ee net weess wat ee mécht rsp net virsiichteg genuch ass.

Virun allem d’Internet Plattformen Instagram a Youtube hunn den Trend an leschte Joeren sou richteg ugekuerbelt.

Déi bekanntsten Rooftopper hunn 10.000 Follower op Instagram. Se reesen ronderëm d’Welt, ëmmer op der Sich no neien Héichhaiser, Erausfuerderungen an Adrenalin. Vill Rooftopper gesinn sech och éischter als Fotografen an Extremsportler.

Den Edward huet awer och betount dass net jiddereen dat maachen kann. Ganz vill Leit hunn Angscht virun der Héicht, anerer si net fit genuch fir ze klammen a sou Dosenden un Etagen erop ze kloteren. Anerer hunn Angscht erwescht ze ginn.