© Instagram/controlled_by_tattoos
Et erënnert een e bëssen un d'90er. De Moment ass Fluorscent rëm voll ugesot. Als Tattoo op der Haut.
Iwwerdeems et engem bei eis virun nach net all ze laanger Zäit komesch an der Mo-Géigend ginn ass wann een Neon faarwe gesinn huet, sou kann ee lo soen, dass dat zanter de 90er erëm e Revival erlieft. Et passt erëm an eis Moud. Ma et mussen awer net méi pink liichte wéi deemols d'Raver Leggins. Wien Nuets mol nees duerch d’Blacklight danze wëll dee soll sech onbedéngt ee vun deene komplett ugesoten Tattooen zou leen. Ma net nëmmen Tattooen sinn do de Moment ugesot. Et gi souguer hashtags ënner dem Begrëff Glowinthedarkhair. Dat ass richteg coole Stuff fir all Party.
Ma well dat alleng awer net duer geet, ginn et sougenannte Konzeptpartyen, op deenen een sech a speziellen Atelieren och d’Haut mole loosse kann.
UV Tattooen nennt dat sech a passt och nach gutt bei déi blénkeg Hoer. D’Kierperkonscht déi liicht ass iwwregens och mega fir all déi déi am Beruffsliewen een op Serieux musse maachen, a fir déi sou en Tattoo net a Fro kënnt.
Well am Dagesliicht ass den Tattoo net ze erkennen. Superhot ass awer och de Mix Hallef Tattoo hallef normale Bodyartwork. Domat ass ee garantéiert an all Disco de King. Wiem dat dann awer e bësse vill däers gudden ass fir dee geet en einfach Lightstick jo dann och duer .