© VALERIE MACON / AFP
Et ass nach bis d'Fréijoer. Ma d'Kiloen verschwannen net einfach sou. Matt der richteger Ernährung geet et awer méi séier.
Schonn als Kand krut een alt mol gesot kritt, iess net sou séier. Dass do munches drun ass ass näischt neies. Wien ze schnell ësst deet sengem Kierper kee Gefalen, dernieft geet och nach de Genoss verluer. Fir e Lunch soll een sech op mannst ½ Stonn Zäit huelen. Lues iessen ass aus deem Grond wichteg well et op mannst 15 Minutten dauert bis een d’Gefill kritt genuch ze hunn.
Och Kuelenhydrater hunn net grad dee beschte Ruff. Si sinn awer net all schlecht. Virun allem si se noutwenneg fir eis Energyreserven. Dowéinst sollte Kuelenhydrater net ze kuerz kommen. Vollkarproduite mat ville Ballaststoffer mécht laang sat a suergt dofir dass een net scho rëm no 2 Stonnen hongereg ass.
Proteine sinn och wichteg a gehéiere bei all Molzecht dozou. Dës kritt een aus Fësch, Fleesch oder Eeër. Ma och am Tofu ass däers dran. Och si suergen dofir dass ee laang sat ass. Dernieft baut ee Muskelen op. Eng gutt Ernährung fir Sportler deemno.
Et sollt een och wëssen, dass Fett net gläich Fett ass. Déi grouss Gefor beim Fast Food sinn déi gesiedegt Fettsaieren, déi zum Beispill eis Oderen zou setze kënnen. Et ass besser ongesiedegt Fetter zou sech ze huelen. Och dës kritt een aus Fësch, Avocado, Nëss an Ueleg. Si maachen eisem Kierper eppes guddes an hëllefen engem beim Ofhuelen.
Et muss een heiansdo iwwert säin eegene Schied sprangen. No engem haarde Schaffdag nach en Iesse fir den Dag dono ze preparéieren ass net ëmmer evident. Ma et mécht sech bezuelt. Spéitstens da wann engem de Mo kuerz virun der Mëttespaus ufänkt ze grommelen.