© piqs.de
Dëst Joer zeechent sech duerch 3 grouss Trends aus. Op d'mannst mol wat d'Männermoud fir di nächst Méint ugeet.
Trend Nummer 1:
Asien. Detailreich Molereien am Stil vu japanesche, chineseschen oder Indonesesche Virlagen ginn op Hiemer gepescht, gestreckt oder vreschafft. Kënnt gut tun an ass dëst Joer den Trend wat Männerhiemer ugeet.
Trend Nummer 2:
Comics. Wien Rennautoen op Pulloveren a Polo’en onkreativ an iwwerlieft fënnt, deen hutt den Trend fir 2016 verpasst. Egal op Gucci oder Prada. Comics an allen Fuerwen a Formen sinn dëst Joer in. Verspillt ass in. Retro Comics si voll am Trend. De Fashion Mainstream 2016.
Trend Nummer 3:
Breed Rimmer. Wat méi breet wat besser. Egal op schwarz, brong oder souguer roud. Punkto Fuerwen ass alles erlaabt. Wichteg ass just dass de Rimm méiglechst breet ass. Passt en net an d'Jeans, sou kann en och iwwert d'Box ugedo ginn. Haaptsaach eben: en ass breet.