© DIPTENDU DUTTA / AFP
Zitrounenwaasser direkt mueres nom Opstoen hëlleft engem besser an den Dag ze starten.
Zitrounewaasser léist d’Energie wuessen. Well Zitroun ass eng natierlech Source vu Kalium, Calcium a Magnesium.
Et ass gutt fir d’Haut: Zitroune liwweren e ganze Koup un Antioxidanten. Déi verhënnere Schied un der Haut, wéi z.b Falen.
Dernieft ass et och nach gutt fir eist Imunsystem. Wien Zitroune mat Waasser mëscht, da wierkt dat ganzt wéi en Aptogen a stäerkt d’Ofwier vun eisem Kierper.
D’Verdauung gëtt verbessert. Zitrounejus wierkt sech positiv op eise Verdauungsapparat aus. Sou kritt ee keng Mosaier, an eis Verdauung schafft besser.