Egal op um Büro oder um Canapé. Enger neister Recherche no, sëtzt de Gros vun ons falsch um Büro. Mir hu probéiert di perfekt Sëtzpositioun ze fannen.
De Gros vun de Leit sëtzt falsch um Büro. Spéitstens no engem laange Schaffdag kritt een d'Rechnung. Réckwéi, Kappwéi (...) si just e puer vun de Symptomer déi optriede wann een de ganzen Dag falsch souz.
1. Fir d’éischt mol: mam Hënneschten sou wäit wéi méiglech no hanne rutsche. Egal ob op engem Stull oder doheem um Canapé. Sou wäit wéi méiglech no hanne rutschen, dat ass di éischt Konditioun fir „gesond“ ze sëtzen.
2. D’Sëtzhéicht sou astellen, dass d’Knéien e bëssi méi déif si wéi d’Hëft. Also keen 90 Grad Wénkel mä éischter sou 95 bis 100 Grad. Sou gesäit een dann och propper op den Ecran.
3. En Handduch oder eppes ähnleches benotze fir di natierlech Kéier vun der Wierbelsail. Et gi souguer speziell Këssen. Wichteg ass, dass di natierlech Form vun der Wierbelsail de ganzen Dag bäi behale gëtt.
4. Feelt just nach d’Tastatur. Déi sollt sou plazéiert ginn, dass een d'Tast "G" vis à vis vum Nuebel huet, also riicht viru sech.