E neien Trend ass alt erëm um kommen. Den "Dadbod". De klenge Bauch vu Männer feiert seng grouss Stonn. Op mannst an de sozialen Netzwierker.
D’Zäit vun den duerchtrainéierte Kierper ass eriwwer. Där Meenung ass op mannst mol déi amerikanesch Studentin Mackenzie Pearson. Op sengem Blog schreift hatt iwwer de Phänomen Dadbod, e neit Schéinheetsideal wat exklusiv nëmmen eis Männer betrefft. Well d’Zäite vum Sixpack sinn eriwwer, do ass sech déi 19 Joer al Studentin zimlech sécher.
Mam Begrëff Dadbod ass de Kierper vum Papp gemengt. Keng Sportlech Nuancen, awer och net wéi e Michelinsmännchen ausgesinn. Et ass eng Gesond Mëschung aus Béierbauch a Work Out. Et gi Leit, déi ginn heifir heiansdo an de Fitnessstudio ma um WE drénken se mat hire Kollege Béier an iessen 2 Pizzae beieneen.