An erëm gëtt et eng alternativ Ernährungs-Method. Se nennt sech Fexitarier.

Et gi vill Grënn seng Ernährung ëm ze stellen. Mëttlerweil weess een net méi wou déi ganz Liewensmëttel genee hier kommen. Fir vill Leit kënnt vegetarescht oder souguer Vegaant iessen net a Fro. Et ass awer net schlecht, d’Consommatioun vum Fleesch e bëssen ze drécken.

Wat ass elo genee e Fexitarier? D’Wuert setzt sech aus de wieder Flexibel a Vegetarier zesummen a beschreift all déi, déi bewosst e Stéck Fleesch op der Säit loossen.

Direkt e puer Deeg an der Woch gëtt bewosst Vegetaresch gekacht. Nix méi ze Schnitzelen owes spéit. A wann Fleesch kaf gëtt dann an der Reegel zimlecht deiert Fleesch oder qualitatiivt héichwäertegt Bio Fleesch.

De Rescht vun der Woch gëtt et da vill Uebst a Geméis, Vollkar Produiten a Protein aus Soja. De Flexitarier Ënnerscheed sech net vun dem, wat am Allgemengen ënnert enger subtiller Ernährung verstane gëtt

En extrovertéierte Vegetarier oder souguer Veganer wäert de Flexitarier net iwwerzeege kënnen. Vill gesinn hei nëmmen en Trick fir sech säi Gewëssen ze berouegen. Als Liewensweis gëtt dat ganzt net unerkannt. Ma dovu soll een sech d’Loscht net huele loossen. Et ass eng eegen, duerchaus perséinlech Astellung. An et soll ee sech net dovunner ofhale loosse vegetaresch Foren a Kachbicher ze duerchsichen.

Flexitarier Iess Gewunnecht léist sech gutt am Alldag liewen. Et ass kee extrovertéierten Ernährungs-Prinzip. Dernieft mécht een awer eppes fir déi eege Gesondheet.