© piqs.de
Kléngt komesch, kéint et awer geschwënn ginn. Den Handy mat der Jeans luede.
A Japan ass e Kleedungsstéck entwéckelt ginn, deen Handy-Batterie opluede kann. Den Handy gëtt an d’Box gestach a schonn lued en. Sou einfach kéint et sinn, mengen op jiddwer Fall mol d’Japaner. D’Kleedung aus Mikrofaser soll sou vill Stroum produzéiere dass een domatt net just den Handy mä gläichzäiteg och en Mulitiplayer oder 2ten Handy luede kann. Am Stoff wäerten mikroskopesch kleng Dréit agebitzt sinn. Dëst Dréit sinn 1000x méi dënn wéi d’Hoer vun engem Mënsch. Bei Bewegunge reiwen di Dréit uneneen. Sou entsteet Stroum.
© piqs.de
Bis een allerdéngs mat sou enger Kleedung ronderëm laafe kann wäert et nach e bëssi dauere. Bis elo sinn d’Produite na net prett fir en serie produzéiert ze ginn.
© piqs.de