Et ass de neiste Gesondheets-Trend!

Am Summer ass et net einfach frësch an den Dag ze starten. Grad beim "Quickie-Summer" hei zu Lëtzebuerg. Kuerz krass warem. Do deet eng Ofkillung gutt. An den neisten Trend, deen ons dës Woch erreecht, dee kéint do hëllefe. "Smoothie Pops".

Friichte ginn hei no Loscht a Laun ausgewielt, mat Mëllesch, griicheschem Jughurt oder Kokosnossmëllesch pueréiert. Ween well kann och nach e puer Mueslikäere mat drënner mësche.  Iwwer Nuecht gëtt alles an de Freezer gestallt  a scho ka moies eiskal genoss ginn. A ween start net gär mat enger Glace an den Dag…en plus eng gesond.

RTL

© piqs.de

Rezept:

Et brauch een:

Biere
Kokosnossmëllesch
Cashewnëss

Biere gi püréiert a mat der Kokosnossmëllesch gemëscht. Kaloriebewosster mëschen dat lo mat Mëllesch fir Fett ze spuere. Dann ginn d'Cashewnëss kleng gemaach an an d'Glaceform gefëllt. Lo de Rescht driwwer ginn an afréiere.

E Gudde :)

RTL

© piqs.de