Iesstrends ginn et der jo ëmmer méi op de sozialen Netzwierker, ma dee rezentst riicht sech un déi Kreativ ënnert iech!

Wat nach virun e puer Wochen di schwaarz Glace war, ass elo de Galaxy Food: en Trend, dee sech esou zimlech vum selwen erkläert. Dobäi geet et awer net em gedréchent Astronauten-Iessen, ma vill méi em di cool Cupcakes a Co, déi an engem galakteschen Design dekoréiert sinn.

Dësen neien Trend ass iwwregens vun der amerikanescher Bäckerin a Bloggerin Heather Laird an d’Liewe geruff ginn. Si hat op hirem Blog deen éischte Kuch am Space-Look online gesat an zënter hier gesäit een op Plattformen wéi Instagram oder Pinterest eegen Interpretatioune kurséieren, haaptsächlech ënnert dem Hashtag #galaxyfood.

Mat e puer gekonnten Handgrëffer entstinn aus hondsgewéinleche Gebäckstécker Kosmos-Donuts, Universum-Glacen, Planéiten-Pops oder Astro-Markounen.

Hei e puer Tipps, wéi Iech de Galaxy-Look gelénge wäert:

  • Wat am Kuch dran ass, ass onwichteg: beim Galaxy-Trend geet et just ëm d’Optik!  
  • Bausse kritt äre Kuch en Topping aus Fondant oder Crème, dat ganzt mëscht der mat däischterer Liewensmëttelfaarf.
  • Stëllt iech 4 bis 5 Schossele mat wäisser Crème prett: déi kennt der elo mat deene Faarwe vermëschen, déi der schéi fannt. Rosa, Giel, Mof … alles ass erlaabt! Dobäi onbedéngt eng Schossel mat wäisser Crème op der Säit halen.
  • Verdeelt e puer Fläpp Faarf op äre Kuch an verdeelt mat der breeder Säit vum Messer d’Faarf iwwert äre Kuch
  • Vir den Detail einfach e puer wäiss Faarfsprëtzer op äert Konschtwierk ginn an voilà, schonn hutt der äre Galaxykuch!