© chobirdokan.com
Nenn mir däin Alter an ech soen dir ob mir zesumme bleiwen: Enger Etude no ass dat méiglech!
Enger Etude vun der Emory University zu Atlanta no solle Koppelen, bei deenen den Altersënnerscheed méi grouss ass, Tendenz hunn, sech éischter ze trennen. Vir dat ganzt an Zuelen auszedrécken: Bei Koppelen, bei deenen den Altersënnerscheed méi grouss wéi 5 Joer ass, ass de Risk vun enger Trennung Ronn 18 % méi héich wéi bei Leit, déi ongeféier d’selwecht al sinn. Bei 10 Joer sinn et souguer 39 Prozent.
De Grond dofir ass zimlech einfach erkläert: ugeholl dir sidd der 25 an hutt e Partner deen 20 Joer méi al ass. Vläicht hutt der elo nach di selwecht Interessien, ma wéi gesäit et a 15 Joer aus? Do wäert sech äre Partner schonn iwwert di éischt Boboe beschwéiere während deem dir an der voller Bléi vun ärem Liewe sidd. An Diskussiounen iwwer d’Grënnung vun enger Famill oder berufflechen Zieler ginn do och ëmmer méi komplizéiert.
Der Etude vun der Emory University no, läit de perfekten Altersënnerscheed bei engem Joer: dësen Altersënnerscheed bitt perfekt Viraussetzunge vir eng laang an erfollegräich Bezéiung. Ma alles an allem gëllt awer: soulaang ee glécklech ass, brauch een sech keng Gedanken doriwwer ze maachen.