Fest Iessen duerch flësseg Shaken ersetzen: de neien Iess-Trend vu muer?!

Di britesch Entreprise Huel well der Gesellschaft eng flësseg Ernierung méi no bréngen. Dobäi geet et elo net em den hierkömmlechen Detox deen aktuell jo voll am Trend ass, ma vill méi dréit sech alles drëms seng ganz Ernierung dauerhaft duerch Shaken z’ersetzen.

Wei gesäit dat ganzt elo aus? D’Molzechte ginn duerch 3 Shaken den Dag ersat, déi räich u Protein-, Vitamin- a Mineralstoffer sinn. Nährstoffer vir ze drénken eben.

Wann een sou driwwer nodenkt, ginn et jo schonn sou Shaken, déi en gesonden Oofhueleffekt verspriechen. Dacks goufen se probéiert, heiansdo huet een och eppes domatten erreecht, ma meeschtens war dat den albekannte Yoyo-Effekt...

Mee elo mol éierlech: Iergendeppes geet jo och vun der Kultur verluer, wann ee säi ganzt Iessen duerch Shakes ersetzt: amplaz op engem waarme Summerowend e fade Shake ze schlürfe wier e leckeren Tutti-Frutti di besser alternativ. An ongesond ass dat jo wierklech net. Anert Beispill: ugeholl dir hutt e Candle Light Dinner mat ärem léifsten an alles wat dir iesse – oder besser gesot drénke kënnt – ass en zéie Shake. Dat ass jo alles anescht ewéi romantesch, oder?