© Instagram / Down N Out
Mat de klenge Figure kann een elo net nëmmen um Handy spillen!
De Pokémon Hype léisst esou lues awer sécher no, well ëmmer manner Leit gesäit ee mat hire Smartphone wei verréckt duerch d’Géigend lafen. Ma dee ganze Pokémonrevival hëlt elo aner Dimensiounen un. An zwar kann een déi kleng Gestalten elo iessen. Jo, dir hutt richteg verstanen. Pokémon kann een elo iessen, an zwar a Form vun engem Burger.
De Fast-Food Restaurant zu Sydney mam Numm „Down-n-out“ huet elo 3 Pokemon Burger kreéiert, dat an enger limitéierter Editioun. Di cool Hamburgere mam Numm Pokéburgs ginn et aktuell an 3 coole Pokemon, nämlech dem Bisasam, dem Glumanda an dem Pikachu.
Aktuell ass déi ganz Aktioun just eng limitéiert Versioun déi et an Australien gëtt, ma wann dat Konzept wierklech sollt klappe géifen nach aner Pokéburger nokommen, nämlech de Relaxo, de Piepi oder och nach de Voltobal.