© instagram.com
Rucksäck a Poschen als moudeschen Accessoire an der Schoul. Wat ass dëst Joer Trend?
Et fänkt nees u méi fréi däischter ze ginn a lues awer sécher kann een d'Summerschung nees no hannen an de Schaf raumen. An ob ee wëll oder net, et heescht nees zréck an d'Schoul oder op d'Uni. Wat hei ob kee Fall feelen dierf, ass déi richteg Posch oder de richtege Rucksak! Mä keng Angscht, hei e puer Tipps, wat den Ament esou a Saache Schoulposchen ugesot ass.
Eppes direkt emol vir ewech:
De Rucksak iwwerhaapt ass nees voll am Trend. Bestëmmt erënnert dir iech nach un de gudden alen Eastpak-Rucksack, deen et mëttlerweil an alle Faarwen e Mustere gëtt. Wichteg ass: Haaptsaach net banal an eenfaarweg...
Fir d'Meedercher kommen dëst Semester d'Satchel-Bags a Fro. Wichtegst Mierkmoler hei sinn déi rechteckeg Form an déi zwou Laschen aus Metall fir d'Posch zouzemaachen. Faarflech passt een sech hei am beschtem dem Hierscht un a wielt tëscht Schoko, Cognac, Beige oder Crème.
Donieft wäert een dësen Hierscht och net laanscht Rucksäck aus Lieder oder a Liederoptik kommen! Egal op uni oder gemustert, d'Blécker sinn iech mat esou engem Backpack sécher.