© images4.alphacoders.com
Wat nach virun 10 Joer d’Arschgeweih war, ass elo de Planzen-Tattoo.
Tattoe bleiwen einfach ëmmer total in, just beim Motiv änneren sech d’Goût’er am Laf vun der Zäit. Riets ass natierlech vu richtegen Tattooen an als Motiv inspiréiert een sech einfach un der Natur a besser gesot un de Planzen, déi een dobaussen am Gaart stoen huet.
Dat praktescht hei drunner ass, dass ee keng Stonne brauch vir eng Virlag ze zeechnen: et kann een einfach säi Motiv an de Gaart plécke goen am dat ganzt an en Tattoo ëmsetze loossen.
An dësen Tattoo-Trend ass effektiv net nëmme vir Leit geduecht, déi sech immens verbonne mat der Natur fillen. Ganz am Contraire, een deen op faarweg, präzis a net ze grouss Motiver steet a Loscht op eppes frësches um Kierper huet, deen ass mat engem Tattoo am Planze Logo definitiv gutt versuergt.
A wéi den Tattoo kéint ausgesinn fannt der