© freepik.com
Schluss mam Gemauls! Gutt Laun kann een iessen!
Iesse mécht glécklech. Experten hunn eraus fonnt, dass verschidden Iesswueren sech positiv op eis Laun auswierke kënnen. Fir Gléckshormoner ass also net alleng nëmmen de Kapp respektiv d'Gehir verantwortlech, mä och den Daarm!
Déi richteg Liewesmëttel kënnen also d'Hormoner an esou och eis Laun beaflossen.
Banannen zum Beispill reegen d'Nerven am Gehir un a hëllefen eis Stress ofzebauen. Wien sech net besonnesch gutt drop spiert, dee soll waarmt Waasser mat Ingwer drénken. An och eng gutt Portioun Nuddele soll glécklech maachen! (Obwuel mer dat jo eigentlech schonn virdru gewosst hunn). Hei sinn nämlech eng Rëtsch un Aminosaieren dran, déi eise Kierper direkt a Gléckshormoner ëmwandelt.
Happy Foodler sollte keng Angscht viru Kalorien hunn, well Séissegkeeten a Schokla hiewen d'Laun immens an d'Luucht! A fir all déi, déi elo manner op Séisses stinn: Mat Dattelen, Ananas an Avocado kann een d'Gléckshormoner och an d'Luucht dreiwen.