© Amy Watson, Eldoradio
Ech hunn iech 3 vu menge liiblings Beauty-Trends vun de Fashion Weeks 2017 zesumme gesat.
Dëst Joer goufe rëm vill nei, mee och skurril Trends op deene verschiddene Fashion Weeks, ënner anerem zu Berlin, New York a Mailand gesat. Et si genau déi Wochen déi ee groussen Afloss op déi ganz Fashion-Industrie hunn. Ech hunn iech 3 vu menge Liiblings-Beautytrends vun de Fashion Weeks 2017 zesumme gesat.
- Faarwegen Eyeshadow
Zu New York, London a Berlin sinn déi faarweg geschminkten Aen ëmmer an ëmmer erëm opgedaucht. Wei eng Faarwen awer am meeschten opkoumen, ware verschidde Rosatéin. Rosa gëtt iwwerall benotzt, egal op lo fir d’Aen, d’Lepsen oder d’Baken. Et kéint ee soen, dass rosa déi nei Faarf fir den Neutral ass. Also elo heescht et déi hautfaarweg Schmink duerch eng Faarweg ze ersetzen!
- Kazenaen Eyeliner
Net grad esou einfach no ze maachen: D' Kazenae kommen zréck. Déi geschwonge Linn iwwert dem Ae feiert grad säi Comeback. Dës Kéier nëmmen en bëssen anescht. 2017 ass de "Lidstrëch" extrem geschwongen, souguer bëssen iwwerspëtzt. Dat ganzt fir een nach méi „dramateschen“ Look. Heizou gëtt awer nëmmen dezenten oder och guer kee Lëppestëft benotzt.
- Mëttelpunkt: Lepsen
Opfälleg faarweg Lëppestëfter waren och op der Fashion Week en grousst Thema. Et si ganz nei an ongewéinlech Faarwen opkomm. Hei heescht et also och Nude-Lëppestëfter duerch schéin opfälleg Faarwe wei mof an orangen ersetzen. Duerch Glitzer kënnen d’Lepsen och nach eng Kéier gutt an de Mëttelpunkt gesat ginn. Hei ginn, amplaz vun enger Faarf, déi ganz Lepsen mat Glitzer bedeckt. Dës Trends sinn da rem nëmmen a Kombinatioun mat dezent gefierften Aen ze gesinn.
xx, Amy Watson