© Amy Watson, Eldoradio
Summer, Sonn, Festival! Gläich ass et nees esou wäit, de Food For Your Senses steet virun der Dier!
Dann heescht et endlech erëm déi schéi Summerdeeg an Nuechten dobausse verbréngen. Zu dem richtege Festival-Spirit gehéiert och de richtege Festival-Look. Ech wëll iech hei e puer Insider-Tipps déi ech duerch meng Festival-Erfarung gesammelt hunn, a meng Top 3 Festival-Outfits mat op de Wee ginn.
- Fir den Hippie-Look kann een net genuch vu Blumme kréien! Perfekt ass ee laangt Kleed oder eng laang Jupe mat engem faarwege Muster oder mat ville Blummen. D’Hoer kënne fir dëse Look an engem „messy-bun“ zesumme gestréckt ginn an de Sonnebrëll oder ee Sonnenhutt däerf och net feelen. A Kombinatioun mat engem Rucksak an e puer Blummen an den Hoer ass den Outfit da komplett.
© Amy Watson, Eldoradio
- Fest Schong si jiddefalls en absolute Muss fir op ee Festival! Meng Dr. Martens hunn also nach kee Festival verpasst. A Kombinatioun mat engem Croptop, Collant a Liederjackett kann een dat zum Beispill zesummen droen.
© Amy Watson, Eldoradio
© Amy Watson, Eldoradio
- K-Way däerf och egalwéi net vergiess ginn! Hei zu Lëtzebuerg huet ee besser fir all Wieder gerüst ze sinn. Do wär mäin Virschlag dann de K-Way mat Batik-Tshirt, Collant, a Bauchtäsch ze kombinéieren. Soubal de Reen dann opgehalen huet kann een de K-Way ëm d'Hëfte strécken a weider danze goen.
© Amy Watson, Eldoradio
© Amy Watson, Eldoradio
Wat dëst Joer och dobäi muss sinn, si blénkeg Kierpertattoos. Mëttlerweil ginn et déi iwwerall ze kafen a fir déi dat scho rem ze ausgelutscht ass gëtt et jo och nach ëmmer den Hanna-Tattoo deen een sech ganz liicht selwer maache kann.
Meng perséinlech Insider-Tipps fir ee Festival gutt ze iwwerliewe sinn déi hei.
-Loosst är Talleken doheem an dot onbedéngt bequem Schong un.
-Nuets kann et scho mol gutt kal ginn, dofir ass et goldwäert wann een am Laf vum Owend ëmmer rem eng Schicht méi undoe kann. ( Zwiwweleffekt )
-Huelt nëmmen déi Saache mat déi der wierklech braucht. En 10 kg Rucksak ze schleefe mëscht op Dauer net esou vill Spaass.
xx, Amy Watson