Jiddereen dee gären op Festivals geet kennt dat sécher, de ganze Rucksak voller Waasserpistoulen a Béier, mee vergiess de Schlofsak anzepaken ...

Wien net wëlles huet 3 Deeg waakreg ze sinn denkt besser un säin Zelt, seng Isomatt a säi Schlofsak. Wien net wëlles huet 3 Deeg naass ze si paakt am beschten en K-way, eng Mutz an een Handduch an. Fir sech dann och net komplett goen ze loosse wär et nach eng Iddi seng Zännbiischt, säin Deo an nei Strëmp matzehuelen.

Mee do virdru geet et scho mol domat lass, dass ee sech ee vun deene begierte Festivaltickete zouleeën muss. Dat Wichtegst ass dann och fir un den Ticket ze denken, well ouni dee kënnt een net wäit.

Wat sech mëttlerweil och villäicht schonn erëmgeschwat huet, ass dass Glasfläschen op deene meeschte Festivals verbuede sinn. Dofir huet een am beschte sech mat Tetrapack a Béchsen ze equipéieren. Wann ee sech da selwer kacht ass et och eng gutt Iddi ee Schwamp a Spüli dobäi ze hunn fir net enger lieweger Iwwerraschung ze begéinen. Eng aner Alternativ ass natierlech och säin Iessen an Drénken um Site ze kafen.

Fir iech schlecht Erfarungen ze erspueren hunn ech mer geduecht, ech kéint iech eng Checklëscht maache fir dass och näischt schif geet! A wann een nach eppes vergiess huet kann een am Noutfall ëmmer nach säi Campingnoper froen.

Checklëscht:

□   Festivalticket

□   Suen

□   Carte d’Identité

□   Zelt (mat allen Staangen a Piqueten)

□   Hummer

□   Pavillon

□   Schlofsak

□   Isomatt/ Loftmatrass

□   Campingsstull

□   Besteck

□   Becher

□   Dëppen

□   Teller

□   Grill (eventuell)

□   Gaskocher

□   Täscheluucht

□   Täschemesser

□   Briquet

□   Sonnecrème

□   Fiichtegkeetsdischer (INSIDERTIP)

□   Kontaktlënsen an alles wat dozou gehéiert (eng mega Merde wann een dat vergësst)

□   Toilettëpabeier

□   Deo

□   Spigel

□   Kondomer

□   Duschgel a Shampoo

□   Sonnebrëll

□   Panzer-Tape

□   Bauchtäsch

□   Fotoapparat

□   Handy + Lueder

□   K-way

□   Gummisstiwwelen

□   Bandshirts

□   allgemeng Kleeder

□   frësch Ënnerwäsch

□   Musek + Lautsprecher

□   Béier!

□   Waasser

□   Toastbrout

□   Grillfleesch

□   Uebst

□   Douseniessen

□   Alkohol am Tetrapak

□   Instant Kaffi

□   Salzeg Schneekegkeeten (Chips, Nëss) denkt un d'Elektrolytten!

□   Wirschtercher

xx, Amy Watson