D’Kylie Jenner, d’Bella Hadid an d’Kim Kardashian maachen et fir.
No dem grousse Beauty-Trend vum Contouring kënnt den Draping. Déi Zäiten an deene mat hellen an donkele Schattéierungen d’Nues méi schmuel geschminkt an d’Bakeknache betount goufen, sinn anscheinend eriwwer.
Et gëtt elo eng nei Aart a Weis fir sech déi perfekt Gesiichtsform mat Hëllef vu Make-Up ze zauberen an déi nennt sech Draping.
Den Ënnerscheed vum Draping zum Contouring ass, datt net wéi beim Contouring mat Highlights an däischterem Make-up geschafft gëtt, mee mat Rouge. Esou gesäit d’Gesiicht duerch een Hauch vu Rosa frësch an natierlech aus. Hell- an Donkelrout-Téin ginn opgedroe fir dem Gesiicht Dimensioun an en Ausdrock ze ginn. De Rouge gëtt also net wéi gewinnt nëmmen op d’Bakeknachen opgedroen, mee op vill verschiddene Plazen am Gesiicht. Mat dëser Technik ginn d’Gesiichtsforme betount an se verleet engem ee stralenden Teint.
Draping ass amfong awer näischt Neies. Schonn an de 70er an 80er sinn d’Gesiichter mat vill Rouge geschminkt ginn.
Wéi funktionéiert Draping?
Genau sou wéi beim Contouring gëtt ënnert de Bakeknachen, d’Gesiichts-Säiten an den Hoerusaz mat donkeler Faarf gefierft. Mat méi hellen Téin, wei zum Beispill douce Rosa, hieft een d’Nues, de Kënn, d’Stir an deen Deel ënnert den Aen ervir. Op wat een gutt oppasse muss, ass dass een ëmmer ee schéinen Iwwergang huet, fir dass d’Kanten net ze schaarf wierken.
Ganz passend zum Thema kënnt nach een aneren Trend vun Tokio an deen nennt sech: Hangover Blush. Dëse Look soll de Meedercher de Party-Look à la Kate Moss ginn. Dat Ganzt mat Liedersjackett a Bandshirt kombinéiert soll de Look méi rockeg wierke loossen.
xx, Amy Watson