Du weess nach net wat dat Richtegt nom Lycée fir dech ass oder du hues d’Deadline verpasst fir dech op denger Wonsch-Uni unzemellen?
„Wat maachen nom Lycée?“ oder „Wat wëll ech iwwerhaapt a mengem Liewe maachen?“ dat si Froen déi vill opkomme wann een sech grad an der Phase tëschent dem Lycée an der Beruffswelt befënnt.
Studéieren, eng Beruffsausbildung, direkt schaffe goen, ee Gap-Year, Au-Pair oder fir d’éischt emol Stagë maachen. Dat si puer vun deene villen Optiounen déi engem dann op stinn.
Wéi wär et domat Liewenserfarungen ze sammelen? Wann een d’Deadline fir d’Wantersemester verpasst huet ginn et nach ëmmer Studiëgäng déi am Summersemester ufänken. An deem Fall huet een 1 oder en halleft Joer Zäit fir eemoleg Erfarungen ze sammelen déi villäicht vill méi vu Bedeitung si wéi 2 Semester Uni.
Alternative sinn:
- Work & Travel
Sue verdéngen, een Abléck an d’Beruffswelt kréien an dobäi reesen? Dat ass méiglech! Ob et elo eng Surfschoul a Portugal, eng Déierefarm an Neiséiland oder eng Aushëllef am Disneyland zu Paräis soll sinn, dat ass ganz engem selwer iwwerlooss. Fir déi déi am Land bleiwe wëllen oder mussen, gëtt et d’Méiglechkeet Stagen ze maachen an esou och en Abléck an d’Beruffsliewen ze kréien.
- „Schnupperstudium“
Fir déi déi secher wëlle studéiere goe gi Porte-Ouverten, Infodeeg oder esouguer heiansdo e puer Woche „Schnupperstudium“ organiséiert. An deene Woche kritt een een Abléck an d'Studenteliewen a wei et op der Uni sou ofleeft.
- D’Welt kenne léieren
Mat 18 Joer huet een nach ongeféier 40 Joer Schaffe virun sech, firwat net do virdrun d’Welt kenneléieren a mat Rucksak a Kollegen a Südamerika reesen?
- Sech sozial engagéieren
Et ginn eng Partie Ariichtungen déi sech sozial engagéieren. Dat ka Kanner- a Jugendhellëf, wéi och Gesondheet- a Flüchtlingshëllef sinn. Hei verbréngt een säin Dag domat senge Matmënschen ze hëllefen, heiansdo kritt een souguer Täschegeld oder eng Schlofplaz als Géigeleeschtung ugebueden.
Et gi sou vill Méiglechkeeten sech an der Zäit u Liewenserfarung beräicheren ze loossen. Egal fir wat een sech decidéiert, haaptsaach et huet een e Plang a bereit et net spéiderhin déi Zäit net wäertvoll genotzt ze hunn.
A fir wat hues du dech decidéiert?
xx, Amy Watson