D’Gummischlappe mat deenen 3 Sträifen sinn erëm do! Normalerweis verbënnt een se direkt mat Touristen an se schéngen zimlech stiilos ze sinn...

Mee grad elo fënnt een se ëmmer méi op Instagram a Facebook! Déi klassesch Variant vun den Adiletten a schwaarz oder a blo gëtt  immens vill vu Blogger a Modele gedroen. Se kommen elo awer och ëmmer méi an neien an opfällege Faarwen op.

Esou och den Haftebefehl 2014 mat senger Chabos-Kollektioun. Hien hat sech als Designer probéiert an hat Plastiksschlappen eraus bruecht op deene grouss „Brudi“ drop steet. Dat sinn déi sou genannte „Brudiletten“ mat deenen en jiddefalls en Hype kreéiert a seng Hafti-Fans zefridde gestallt huet.

Brudilicious👩🏽👩🏼 #chabos #brudiletten @goksuceey

A post shared by Cano (@_canooo) on

Natierlech hunn sech och aner Marken dësen Hype net entgoe gelooss a sinn op deen Zuch mat opgesprongen. An der Fenty Puma Kollektioun vum Rihanna déi dës d’Joer eraus komm ass, fënnt ee rosa a gréng plastiks Schlappen déi mat falschem Pelz iwwerzu sinn.

Chic for summer. Get the exclusive new colors NOW. Shop #FURSLIDE and more #FENTYXPUMA at the link in bio.

A post shared by FENTYXPUMA (@fentyxpuma) on

Op de Catwalks gesäit en d’Adiletten entweder mat héich eropgezunnen Tennisstremp, duerchsiichtegen Nylonstremp oder ebe ganz ouni Strëmp. Dat alles fir ee lässege Look.

Fir d’Fashionmagazin "Elle" sinn d’Adiletten deen absolute Schong-Trend fir de Summer 2017. Lescht Joer gouf dësem Hype schon de Startschoss gesat mat den Adilettë mat Holz-Suel, mee mëttlerweil sinn déi ganz klassesch awer am meeschte gefrot.

. . start your day right they said 🍉 okay so let's do it. #vacay

A post shared by jenny I fashionblogger (@jennyloveslove) on

Ufanks waren dës Schlappen éischter fir Fussballer a Schwammmeeschtere geduecht, mee 2017 lafe Models, Influencer an nach vill mei Leit mat den Adiletten duerch d’Géigend.

xx, Amy Watson